Géint Stereotyppe virgoenFilmer mat weiblecher Besetzung hu méi Succès?

Wann d'Haaptroll vun enger Fra gespillt gëtt, soll de Film méi Succès hunn - sou heescht et an enger Etüd, déi verschidde Filmer analyséiert huet.

Leschten Update: 24.12.2018, 10:13:38

© YouTube Screenshot

Fir dës Analyse si Filmer ënnersicht ginn, déi tëscht de Joren 2014 an 2017 an d'Kinoe komm sinn. D'Resultat ass der US-Agence CAA an dem Technologiekonzern shift7 no, datt an den 105 Filmer mam stäerksten Ëmsaz Fraen d'Haaptroll gespillt hunn. Beispill heivir ass ënnert anerem de Film "Wonder Woman" mam Gal Gadot aus dem Joer 2017. "Wonder Woman" ass dobäi och mat verschiddene Filmpräisser ausgezeechent ginn.

Och "Jurassic World" , "Star Wars: The Force Awakens" an "The Beauty and the Beast" géifen der Analys no vir am Ranking stoen. An der Etüd sinn d'Filmer iwwerdeems a verschidde Budgetskategorien agedeelt ginn. An all Kategorie soll der Agence no e Film mat weiblecher Starbesetzung an der Moyenne am erfollegräichste gewiescht sinn – obwuel majoritär Filmer mat Männer an der Haaptroll mat dobäi waren.

Fir et konkret an Zuelen auszedrécken: E Film mat Produktiounskäschte vu méi wéi 100 Milliounen Dollar huet am Schnëtt 586 Milliounen Dollar agespillt, wann eng Fra d'Haaptroll hat. Am direkte Verglach waren et just 514 Millioune mat engem Mann. Grënn dofir kënnen ënnert anerem en Ëmdenken an der Filmbranche sinn. Laang war et de Klischee, datt Filmer mat Fraen net esou gutt solle sinn. E Grond dofir ass et eigentlech ni wierklech ginn.

Weider ass och de sougenannte Bechdel-Test duerchgefouert ginn. Benannt no der US-Cartoon-Zeechnerin an Autrice Alison Bechdel ginn duerch dësen Test analyséiert, ob méi wéi zwou Fraen an engem Film matmaachen an iwwert wat d'Actricen sech dem Skript no ënnerhale mussen. Sou soll dann och gekuckt ginn, wéi d'Fraen am Film duergestallt ginn a soll géint d'Stereotypiséierung hëllefen. D'Etüd ass iwwerdeems vun der "Time's Up"-Beweegung an Optrag ginn.

Lauschtert hei de komplette Reportage

Links