Kino NewsUs

Den éischten Trailer zum neien Horrorthriller gouf verëffentlecht...

Leschten Update: 08.01.2019, 15:40:36

© Youtube

2017 ass den Horrorfilm Get Out vum Jordan Peele an de Kino komm. Fir dës Produktioun gouf et um Enn den Oscar. An de Regisseur bréngt mat Us elo säin neie Film eraus.

Am Film geet et ëm eng Famill, déi eigentlech mat Frënn eng entspaant Vakanz op der Plage wollt verbréngen. Enges Daags dauchen allerdéngs 4 Gestalten op, déi net just genee esou ausgesi wéi déi eenzel Familljememberen, ma och genee esou denken. An d’Doppelgänger hu just een Zil: Terror.

Den 20. Mäerz soll de Film an de Kino kommen.

Kuckt hei den éischten Trailer: