Kino NewsBird Box brécht Rekord

Bird Box beweist: Och ouni de Kino, kann Film e grousse Succès hunn...

Leschten Update: 08.01.2019, 15:32:57

© John MACDOUGALL / AFP

Am Joer 2019 ginn ëmmer manner Leit an de Kino. Vill kucken hir Filmer bequem doheem op der Couch oder am Bett. Mat Streaming-Plattforme wéi Netflix ass dat net just einfach, ma och bëlleg.

Wéinst dem immense Succès an de leschte Joren investéiert Netflix enorm Zommen an Eege-Produktiounen, sief et Serien, awer och Filmer.

Ee Beispill ass den Horrorthriller Bird Box mam Sandra Bullock, deen den 21. Dezember erauskomm ass.



Wéi Netflix elo via Twitter matgedeelt huet, huet Bird Box e Rekord opgestallt. Kee Film op der Streaming-Plattform gouf bis elo méi oft an den éischte 7 Deeg gekuckt. 45 Millioune Leit hunn sech de Film an der éischter Woch ugekuckt. Bei enger Abonnenten-Zuel vu ronn 140 Milliounen, ass dat ëmmerhin all drëtten Account.

De Streamingdéngscht schéngt also houfreg op Bird Box ze sinn. Ëmmerhin ass Netflix bekannt dofir, keng genee Streaming-Zuelen ze verëffentlechen.

Kuckt Iech hei den Trailer un: