Kino newsAquaman brécht Rekorder

No knapp engem Mount huet Aquaman scho ronn 1 Milliard Dollar agespillt

Leschten Update: 08.01.2019, 15:03:41

© CHRIS DELMAS / AFP

Zanter dräi Woche leeft déi aktuell DC-Produktioun Aquaman an de Kinoen. An elo scho steet fest, et ass den erfollegräichsten DC-Film vun allen Zäiten. De Rekord gouf bis elo vu Batman Vs Superman: Dawn Of Justice aus dem Joer 2016 gehalen (Dësen huet bis haut 873 Milliounen Dollar agespillt). De Solofilm ronderëm den Arthur Curry (gespillt vum Jason Momoa) läit aktuell bei 950 Milliounen an et wäert net laang daueren, bis d’Milliardegrenz erreecht ass.

An der Story geet et ëm den Arthur Curry. Hien muss sech géint säi Brudder behaapten, deen zesumme mat de 6 Kinnekräicher probéiert, e Krich géint d’Mënschheet ze féieren. Den Aquaman muss dës also verhënneren a probéiert, säi rechtméissegt Trounierwen unzetrieden.

Superhelden dominéieren zanter engem gudde Joerzéngt an eise Kinoen. En inoffizielle Sträit gëtt et hei tëscht dem Marvel an dem DC Universum. Bis elo hat Marvel mat Filmer wéi Avengers d’Nues vir. Allerdéngs iwwerhëlt Aquaman aktuell eng Marvel-Produktioun no der anerer. Sou zB Guardians Of The Galaxy, Iron Man, Spider Man oder Thor.