Kino NewsAladdin: Neien Trailer online

Am Mee 2019 kënnt den Disney Remake vum Aladdin an de Kino - am neien Trailer ass eng éischte Kéier den Dschinni ze gesinn!

Leschten Update: 11.02.2019, 08:18:26

© Screenshot Youtube

Den Disney Klassiker aus dem Joer 1992 gëtt nei verfilmt. D'Roll vum Aladdin verkierpert de Mena Massoud, bekannt aus dem Film Open Heart. D'Power Rangers Actrice Naomi Scott, spillt d'Prinzessin Yasmine vun Agrabah. De mëttlerweil verstuerwenen Acteur Robin Williams hat am Original den Dschinni synchroniséiert, elo am Remake, verkierpert de Will Smith de Geescht aus der berühmter "Wunderlampe".

Am neien Trailer gesäit een dann elo och eng éischte Kéier de Will Smith a senger Roll vum Dschinni!

De Film kënnt offiziell de 24. Mee 2019 eraus - Wéini en hei zu Lëtzebuerg an de Kino kënnt ass nach net bekannt!