Kino NewsDetailer zu Avatar 2

Den James Cameron gëtt Abléck an d'Story...

Leschten Update: 26.02.2019, 15:20:24

© Youtube

Virun 11 Joer ass de bis haut erfollegräichste Film vun allen Zäiten an de Kino komm: Avatar vum James Cameron, deen 2,8 Milliarden Dollar agespillt huet.

Dass zanter Joren am Ganze 4 Fortsetzunge geplangt sinn, ass gewosst.
Allerdéngs huet de Regisseur elo éischt Detailer zu der Story vum zweeten Deel verroden:

Den zweeten Deel spillt nach ëmmer um Planéit Pandora, just 10 Joer méi spéit. Den Ex-Zaldot Jake an d'Neytiri si mëttlerweil bestuet an hunn e Kand.
Erzielt gëtt d'Geschicht vun engem Sträit tëscht den Elteren, deen eng zentral Roll am Film soll spillen.
Et kriselt also net just an der Bezéiung, ma de Jake léiert am Laf vum Film och seng donkel Säit kennen.

2020 soll Avatar 2 an de Kino kommen.