Kino NewsAquaman 2

DC confirméiert en zweeten Deel...

Leschten Update: 05.03.2019, 14:58:40

© CHRIS DELMAS / AFP

Zanter dem 19. Dezember leeft déi aktuell DC-Produktioun Aquaman an de Kinoen.
An elo scho steet fest, et ass den erfollegräichsten DC-Film vun allen Zäiten. De Solofilm ronderëm den Arthur Curry (gespillt vum Jason Momoa) huet iwwer 1 Milliard Dollar agespillt.

An der Story geet et ëm den Arthur Curry. Hien muss sech géint säi Brudder behaapten, deen zesumme mat de 6 Kinnekräicher probéiert, e Krich géint d’Mënschheet ze féieren. Den Aquaman muss dës also verhënneren a probéiert, säi rechtméissegt Trounierwen unzetrieden.

D’Produzenten hunn elo eng Fortsetzung confirméiert an zwar fir de 16. Dezember 2022.
De Film soll genee esou perfekt sinn, wéi den éischten Deel. An dat brauch eben Zäit.

Ob de Regisseur James Wan eng zweete Kéier wäert mat dobäi sinn, steet aktuell nach an de Stären. Seng Konditioun ass, dass hien t’Dréibuch an den Auteur dierf matbestëmmen. Beim grousse Succès vun Aquaman misst dat allerdéngs kee Problem sinn.