Kino News"Maleficent 2" kënnt nach dëst Joer an de Kino!

"Maleficent 2" sollt eréischt am Mee 2020 erauskommen, ma elo huet Disney bekannt ginn, dass en nach dëst Joer an eise Kino komme soll!

Leschten Update: 07.03.2019, 08:53:46

© Disney

D'Suite vun der däischterer Dornröschen-Verfilmung "Maleficent" mam Angelina Jolie sollt eréischt am Mee 2020 erauskommen. Ma elo huet Disney bekannt ginn, dass de Film dëst Joer am Oktober an de Kino komme soll. Zesumme mam neien Datum huet Disney och deen éischte Poster vum "Maleficent 2" publizéiert - dëst mam kompletten Numm vum zweeten Deel - "Maleficent: Mistress of Evil".

2019 gëtt soumat en Disney-Mega-Joer, well nieft dem "Maleficent 2", kommen dëst Joer och nach d'Remakes vun "Aladdin", "Dumbo" a "The Lion King" eraus, esou wéi och den zweeten Deel vu "Frozen", den "Avengers 4" oder och de "Star Wars 9" an eis Kinoe kommen!