Kino NewsBiopic iwwer den J.R.R. Tolkien

Dem Bestseller-Auteur säi Liewe gëtt verfilmt...

Leschten Update: 12.03.2019, 14:29:00

© Youtube

Lord Of The Rings, respektiv The Hobbit zielen zu de erfollegräichste Fantasy-Geschichte vun allen Zäiten.

Geschriwwe goufen se vum britesche Schrëftsteller John Ronald Reuel Tolkien, kuerz J.R.R. Tolkien.

Den Auteur huet sech net just eng eege Welt mat eegene Figuren ausgeduecht, mee och eng ganz eege Sprooch.

Am Biopic Tolkien gëtt elo d’Jugend vum Auteur duergestallt, well verschidden Evenementer a sengem Liewe waren de Grondstee fir Mëtteläerd a seng Bewunner.

Et geet also ëm dem Tolkien seng Bekanntschaften, seng Experienzen am éischte Weltkrich a seng grouss Léift.

Verkierpert gëtt den Tolkien vum Nicholas Hoult, dee viru kuerzem am Film The Favourite ze gesi war.

Den 20. Juni 2019 kënnt de Film an de Kino.