Kino NewsSuicide Squad 2

Suicide Squad 2 gëtt anescht wéi geduecht...

Leschten Update: 12.03.2019, 14:28:56

© JUSTIN TALLIS / AFP

2016 ass Suicide Squad an de Kino komm.
E Film, dee e Groussdeel vun de Kritiker an och vill Leit am Public enttäuscht huet. 

Dowéinst kënnt net wéi ufangs geplangt, eng Fortsetzung eraus, mee eng Neioplo mat ganz anerer Story a ganz neie Figuren.
Mat dobäi ass allerdéngs erëm den Deadshot. Dëse gëtt awer net vum Will Smith verkierpert, mee vum britesche Schauspiller Idris Elba.

Produzéiert gëtt de Film vum James Gun, deen och scho fir Guardians Of The Galaxy responsabel war. 

De 6. August 2021 soll de neie Suicide Squad an de Kino kommen.