Kino NewsAvengers 4 - The Endgame: Offiziellen Trailer

De 25. Abrëll kënnt d'Fortsetzung vun "Inifnity War" an de Kino.

Leschten Update: 14.03.2019, 13:49:47

© Youtube Screenshot

Endlech ass den offiziellen Trailer vum 4. Deel aus der Réi vun den Avengers Filmer virgestallt ginn, "Avengers 4 - Endgame", dee vun dem 25. Abrëll un an de Kinoen ze gesinn ass.

Ursprénglech ass den , "Avengers 3’" an "Avengers 4’"  ënnert dem Titel "Infinity War Deel 1" an "Deel 2" ugekënnegt ginn. Den Titel weist doropshin, dass eng enk Verbindung tëschent béide Superheldenfilmer besteet.

Deejéinegen, deen "Avengers 3"’ scho gesinn huet, huet elo sécherlech schonn eng kléng Anung wéi et am 4. Deel weidergoe wäert.

Dass duerch den Thanos, de grousse Feind vun den Avengers, d’Halschent vum Universum ausgeläscht gouf, misst mëttlerweil kee Geheimnis méi sinn. Wat dann awer elo genee am Mega-Blockbuster geschéie wäert ass nach net bekannt. Ma bis elo weess een nëmmen, dass déi Avengers, déi net vum Thanos eliminéiert goufen, versiche wäerte fir genee dat Evenement réckgängeg ze maachen. Spekulatioune, wéi se dat wëlle maachen zirkuléieren zwar mëttlerweil am Internet, ma Besonnesch virwëtzeg Fans si weiderhinn op Leaks ugewisen.