Kino NewsJames Bond 25

De Mann deem et egal ass op säi Wodka Martini gerëselt oder geréiert gëtt ass zréck.

30.04.2019, 15:00:34

© YouTube Screenshot

Am Abrëll 2020 soll de 25. James Bond Film erauskommen.

En Titel ass zwar nach net bekannt, allerdéngs weess een dass den Daniel Craig an der Roll vum Duebel-Null-Agent bleift.

A wie spillt dee Béisen? Den Oscar-Gewënner Rami Malek.

© ROBYN BECK / AFP

Gefilmt gëtt ënner anerem op Jamaika, wou den Ian Fleming och schonn d’Bond Bicher geschriwwen huet, zu London, an Italien an a Norwegen.