Kino NewsGemini Man - Direkt zwee Will Smith?

Mat CGI Effekter ass de Will Smith 27 Joer méi jonk gemaach ginn. 

30.04.2019, 16:00:11

© YouTube Screenshot

De Will Smith kënnt zréck op d’Kino-Leinwand. An dat net just eemol, mee direkt zweemol.

De Film heescht "Gemini Man" an do spillt de Will Smith e fréiere Regierungskiller, deen elo selwer op eemol op der Ofschosslëscht steet.

An do kënnt hie fir d’Zweet an d’Spill. D’Regierung huet nämlech e méi jonke Klon vun him hiergestallt an dee soll hien elo ëmbréngen.



Wie sech vum Film iwwerzeege wëll, Kinosstart ass viraussiichtlech den 3. Oktober.