Kino NewsMan in Black 4 - International

The Men in Black are back!

30.04.2019, 14:00:59

© YouTube Screenshot

Se sinn zréck, an dat mat zwee "Avengers 4" – Helden. Net als "Thor" mee als "Agent H" ass de Chris Hemsworth am "Men in black: International" dobäi.

Ma och seng Marvel-Frëndin Tessa Thompson huet eng Roll, an zwar ass hat den Agent M.

Zu zwee erleedegen si da Missiounen déi sech mat ausserierdeschen Ugeleeënheeten op der Welt befaassen. 


De Film versprécht zimlech intressant ze ginn, zemools well d'Aliens d'Gestalt vun all Mënsch unhuele kënnen.