Kino News"Fantastic Beasts 3": Kinostart November 2021!

Fans musse sech nach méi laang op den 3. Deel gedëllegen: Kinosstart fir "Fantastic Beasts 3" ass den 12. November 2021!

Leschten Update: 03.05.2019, 10:47:42

© BEN STANSALL / AFP

Wéi Warner Bros. matgedeelt huet, kann een den drëtten Deel vun "Fantastic Beasts" den 12. November 2021 am Kino kucken! Bis ewell war nach keen Datum bekannt, ma vill gouf am Virfeld spekuléiert, datt ee sech op November 2020 astelle kéint - hei muss ee sech dann awer nach bis 2021 gedëllegen.

Wisou et ee sech elo e weidert Joer gedëllege muss, kéint mat den Dréiaarbechten zesummenhänken. Aplaz Summer 2019 sollen dës op Hierscht dëst Joer, respektiv Fréijoer 2020, verréckelt gi sinn.

Wéi verschidde Medie schreiwen, bräicht d'Crew méi Zäit bei de Preparatiounen a kéint net schonn dëse Summer mat den Aarbechten ufänken.