Kino NewsMarvel's Ghost Rider

Marvel bréngt e Klassiker zréck - de Ghost Rider soll 2020 als Serie erauskommen!

Leschten Update: 02.05.2019, 13:58:35

© YouTube Screenshot

Am August 1972 hat de Ghost Rider säin éischten Optrëtt am „Marvel Universe“, dat am Comic-Buch „Marvel Spotlight Nr. 5“.

Elo huet Marvel dann direkt eng ganz nei Serie vum Ghost Rider annoncéiert. D’Superfans wäerten elo natierlech soen: „Jo wéi, déi gëtt et dach scho säit 1973?“

Jo. Mee als Comic. Elo kënnt se dann als Live-Action-Versioun eraus. Dat kenne mir bis elo just aus den zwee Filmer „Ghost Rider“ a „Ghost Rider: Spirit of Vengeance“. De Leschten ass 2011 erauskomm, mir dierfen also gespaant sinn, wéi eng „Special Effects“ Marvel sech 8 Joer méi spéit fir de Biker aus der Häll ausgeduecht huet.



Vun de Filmer kennt ee bis elo den Nicholas Cage als Acteur vum Ghost Rider. An der Serie wäert et mam Robbie Reyes elo awer e neien a méi jonke Ghost Rider ginn. Marvel selwer beschreift d’Serie als, en Antiheld, deen e normaalt zivilt Liewen huet, mee eben och vun engem iwwernatierlechen Dämon besat ass.

Wann deen dann zum Virschäi kënnt, verwandelt den Johnny Blaze, sou heescht de Ghost Rider am normale Liewen, sech an e Skelett dee brennt a fir d’Gerechtegkeet vun den Onschëllege suergt. Klénge Problem dobäi ass just, dass hien seng Kraaft a säin Temperament net ganz ënner Kontroll huet.

Mat wiem de Ghost Rider sech alles uleeë muss gesi mir viraussiichtlech 2020. Do soll dat Ganzt nämlech erauskommen.