Kino News1. Trailer vu Sonic the Hedgehog

En ass blo, pickeg a ganz séier - An elo ass dann och gewosst wéi de Comic-Igel am Live-Action Film soll ausgesinn.

Leschten Update: 03.05.2019, 12:42:43

© Youtube Screenshot

Mir kennen en all vu fréier aus ale Nintendo Spiller oder als Comic: De Sonic! Dee bloen Igel, dee souguer den Usain Bolt ouni Problem stoe loosse géif, kritt elo e Live-Action Film. Dat heescht mir dierfen eis op e Computer-animéierte Sonic an eiser reeller Welt freeën, an dat viraussiichtlech nach dëst Joer, de 7. November.




Mam Design vum Sonic waren d'Leit allerdéngs guer net zefridden an dat hunn se och op Twitter an anere Social Media Plattformen matgedeelt. Schlussendlech ass dat dann och beim Regisseur Jeff Fowler ukomm, deen de Fans elo versprach huet, dass den d'Ausgesi vum Igel nach geännert géif ginn.