Kino NewsSpider-Man: Far From Home - Trailer

Déi frëndlech Spann aus der Noperschaft ass zréck!

Leschten Update: 08.05.2019, 09:45:03

© Youtube Screenshot

Am Januar krute mir vu Sony schonn en éischten Teaser vum Trailer vu „Spider-Man: Far From Home“. Vu dass dëst just en Teaser war, ass een nach net vill vun der Handlung vum Film oder de Personnage gewuer ginn. Et huet ee grad mol fir 1 Sekonn e neie Superheld erkannt an dat war et och schonn.

Elo ass allerdéngs de richtegen Trailer do, an do gëtt een och schonn direkt vill méi gewuer. Deemno wéi esouguer ze vill. Mee wisou huet dat esou laang gedauert? Wéinst Spoiler! Wien den Trailer vum neie Spider-Man Film kucke wëll, muss virdru „Avengers: Endgame“ gesinn hunn.


Et gëtt nämlech op villes aus dem leschten Avengers zréckgegraff! Wien „Endgame“ also scho gesinn huet, hei ass de neien Trailer: