Kino NewsIT: Chapter Two - Teaser

Am September dëst Joer heescht et nees: Opgepasst wann dir e roude Loftballon gesitt!

Leschten Update: 10.05.2019, 12:49:56

© YouTube Screenshot

Mir hunn eis zwee Joer misste gedëllegen, am Film setzt d'Geschicht 27 Joer méi spéit un. 2017 ass de Film bei eis an de Kino komm, elo ass dann den éischten Teaser vun "IT: Chapter Two" eraus.

Déi deemoleg Kanner sinn elo all erwuessen, mee den Numm vun hirem Grupp ass bliwwen: Den "Losers Club" trëfft sech 27 Joer nodeem si den Horror erlieft hunn op en Neits, fir dem Pennywise endgülteg d’Laachen aus dem Gesiicht ze dreiwen.

De Kanner-friessende Clown léisst sech dat natierlech net gefalen - dowéinst kënne ma gespaant sinn, wéi grujeleg den zweeten Deel gëtt. Den Auteur Stephen King hat dozou just dëst ze soen: