Kino NewsMaleficent 2 - Offiziellen Trailer online

Nodeems de Release-Datum vun "Maleficent 2" no vir verréckelt ginn ass, ass elo och endlech en offiziellen Trailer online!

Leschten Update: 09.07.2019, 17:00:45

© Screenshot YouTube

D'Suite vun der däischterer Dornröschen-Verfilmung "Maleficent" mam Angelina Jolie sollt eréischt am Mee 2020 erauskommen. Ma Disney huet bekannt ginn, dass de Film dëst Joer am Oktober an de Kino komme soll. Zesumme mam neien Datum huet Disney och am Mee schonn deen éischte Poster vum "Maleficent 2" publizéiert - dëst mam kompletten Numm vum zweeten Deel - "Maleficent: Mistress of Evil".

2019 gëtt soumat en Disney-Mega-Joer, well nieft dem "Maleficent 2", kommen dëst Joer och nach d'Remakes vun "Aladdin", "Dumbo" a "The Lion King" eraus, esou wéi och den zweeten Deel vu "Frozen", den "Avengers 4" oder och de "Star Wars 9" an eis Kinoe kommen!
Elo ass dann och en neien Trailer online - dëse verréit eis e bësse méi iwwert d'Handlung vum zweeten Deel.