Kino NewsAlladin - Kritiken

Eng Woch virum Start vum neien Disney Film, sinn elo déi éischt Kritiken do...

Leschten Update: 14.05.2019, 15:27:10

© Youtube

Den 22. Mee bréngt Disney mat Aladdin eng wieder Neiverfilmung an de Kino. Nodeems Dumbo bei de Kritiker just mëttelméisseg ukomm ass, sinn d’Erwaardungen un déi nei Produktioun héich. Elo sinn éischt Kritiken dobaussen an déi si guer net mol esou schlecht.


D'Kritiker sinn sech eens : Déi technesch Aspekter vum Film an d'CGI-Effekter si mëttelméisseg. Eng Tatsaach, déi jo scho méi laang an der Kritik steet.


De Film gëtt awer och als angenehm Iwwerraschung beschriwwen. Eng musikalesch Fantasy-Aventure mat gudde Schauspiller, déi sech esouguer viru Bollywood net ze verstoppe brauch.