Kino NewsNeizougang bei Fast & Furious

De Vin Diesel presentéiert e neie Member vu Fast & Furious 9...

Leschten Update: 14.05.2019, 16:23:58

© ANGELA WEISS / AFP

Den 1. August kënnt den Actionfilm Hobbs&Shaw an de Kino. An den Haaptrolle stinn den Jason Statham an den Dwayne Johnson. Alle béid hunn an de leschte Jore bei der Fast&Furious Franchise matgewierkt. Allerdéngs huet The Rock sech an der Vergaangenheet dacks mam Vin Diesel zerstridden. E Comeback ass also auszeschléissen.

Dofir huet de Vin Diesel awer en anere Wrestler als Neizougang fir Fast&Furious 9 annoncéiert, an zwar den John Cena. Wéi eng Roll hie wäert iwwerhuelen, ass nach net gewosst.

Am Video op Instagram adresséiert sech de Vin Diesel u seng Fans, awer och u säi verstuerwene Kolleg, de Paul Walker.

View this post on Instagram

Thank you Pablo.

A post shared by Vin Diesel (@vindiesel) on