Kino NewsTerminator 6 - Trailer

Den Arnold Schwarzenegger ass erëm als Cyborg ënnerwee...

Leschten Update: 28.05.2019, 15:35:14

© FRANCOIS GUILLOT / AFP

De 24. Oktober kënnt Terminator 6 mam Numm Dark Fate an de Kino.

Et ass den éischten Deel vun enger ganz neier Trilogie an där den James Cameron erëm als Produzent mat dobäi ass. D’Roll vum Regisseur iwwerhëlt Tim Miller.

Am Film geet et ëm d’Dani Ramos, dat bei sengem Kampf ëm d’Iwwerliewen Hëllef vum Sarah Connor an dem Grace kritt. An déi Hëllef ass batter néideg, ëmmerhin daucht net just de bekannten T-800 op, mee och e ganz neien Terminator.

De neie Film spillt zäitlech nom zweeten Deel. An no iwwer 25 Joer kritt den Arnold Schwarzenegger och erëm Ënnerstëtzung vum Linda Hamilton.

Kuckt Iech hei den Trailer un: