Kino NewsRobert Pattinson gëtt neie "Batman"

No ville Spektulatione steet et elo fest: den "Twilight"-Schauspiller Robert Pattinson gëtt den neie "Batman".

Leschten Update: 02.06.2019, 13:56:55

© FADEL SENNA / AFP

Den "Twilight"-Star Robert Pattinson léist de Ben Affleck als "Batman" of. Zënter Woche war dëst spekuléiert ginn. Warner Bros. huet d'Nouvelle géigeniwwer "Variety" dëse Weekend confirméiert. 

Den éischte Film mam 33 Joer ale Pattinson als "Batman" wäert den Titel "The Batman" hunn. Dësen ass fir Juni 2021 geplangt.