Kino NewsToy Story 4 - Top oder Flop?

Déi éischt Kritiker hunn de neie Pixar-Film scho gesinn...

Leschten Update: 11.06.2019, 14:54:54

© Youtube

Am Joer 2010 ass d'Trilogie ronderëm Toy Story op en Enn gaangen. E ronnen Ofschloss wärend deem de mëttlerweil erwuessenen Andy senge Spillsaachen Äddi seet an de Woody a Co. un dat kléngt Bonnie verschenkt.

Deementspriechend war ee verwonnert, wéi Pixar eng weider Fortsetzung annoncéiert huet. 

Am mëttlerweil 4. Deel gëtt de Forky, eng nei Spillsaach agefouert. Hien hëlt d'Spillsaachen mat op e geféierleche Roadtrip, wäit fort vum Bonnie an hirer Heemecht.

Déi éischt Kritiker hunn de Film scho gesinn a si komplett begeeschtert. Et wier eng Fortsetzung, déi ee net onbedéngt gebraucht hätt, awer ass se absolut derwäert. Eng Geschicht mat Häerz, déi een zum Laachen an och zum Kräische bréngt. E Film, deen een absolut muss gesinn hunn.










De 26. Juni kënnt Toy Story 4 an de Kino.