Kino NewsZukunft vum MCU?

Wéi soll et mat de Superhelden no "Avengers-Endgame" weidergoen?

Leschten Update: 11.06.2019, 14:46:42

© Youtube

Virun 11 Joer huet de Marvel Cinamtic Universe mat Iron Man ugefaangen. Mat Avengers – Endgame ass déi mëttlerweil drëtte Phase op en Enn gaangen. Den offiziellen Ofschloss mécht Ufank Juli de neie Spider-Man Far From Home.

Vill ass iwwer d’Zukunft vum MCU net gewosst. Hei waarden, dem briteschen Independent no, awer eng Rëtsch Fortsetzungen op eis.
An hei soll tëscht Filmer op der Äerd a Filmer am Weltall, respektiv op anere Planéiten ënnerscheet ginn.
Um Programm steet:

- E neien Thor Film
- Ant Man 3
- Captain Marvel 2 
- Guardians Of The Galaxy 3
- Black Panther 2
- Doctor Strange 2
- Black Widow 
- The Eternals 
- Nova

Méiglech ass och Avengers 5 mat engem ganz neie Superhelden-Team. Dës kéinten eventuell vum Captain Marvel ugefouert ginn.

Am Internet gëtt aktuell spekuléiert, dass d’X-Men hei kéinte mat dobäi sinn.
Nodeems Fox vun Disney opkaaft ginn ass, falen och d’Rechter vun der Franchise un de Marvel Cinematic Universe. Ëmmerhi sinn d’Mutante schonn ëmmer Deel vun de Comics gewiescht.

No Dark Phoenix, dee lescht Woch zu Lëtzebuerg ugelaf ass, sollen d’X-Men och eng länger Paus maachen. Zäit genuch also fir Disney, d’Mutanten an den MCU ze integréieren.