Kino NewsFrozen 2 - Trailer

Matt Frozen huet Disney e Film erausbruecht, deen och haut nach Millioune Leit begeeschtert. Am November kënnt d'Fortsetzung eraus!

Leschten Update: 11.06.2019, 15:21:18

© Screenshot Youtube

Disney ass bekannt dofir, zënter Joerzéngte Kanner an Erwuessener ze begeeschteren. Dat mat senge fantasievolle Geschichten a Welten.

E Beispill ass och de Film Frozen aus dem Joer 2013. Mat iwwer 1,2 Milliarden US-Dollar den erfollegräichsten Animatiounsfilm vun allen Zäiten.
Fanartikele vun dësem Film sinn aus kenger Primärschoul oder Schlofkummer ewech ze denken.

Kee Wonner also, dass Disney eng Fortsetzung plangt. Dës kënnt de 27. November 2019 an de Kino an esou geet d'Geschicht ronderëm d’Prinzessin Elsa, d’Anna an de Schnéimännchen Olaf also an eng zweet Ronn. 

Kuckt Iech hei de neien, offiziellen Trailer un: