Kino NewsHunger Games reloaded

Et ass schonn e puer Joer hir, ma Fans wäerte sech awer freeën: D'Trilogie kritt eng Fortsetzung - als Buch an och als Film!

Leschten Update: 18.06.2019, 14:55:09

© Don EMMERT / AFP

Lionsgate an d'Bestseller-Schrëftstellerin schaffen an Zukunft nees zesummen. Scho méi laang sinn d'Rumeure ronderëm gaangen, elo ass et offiziell: D'Bicher wéi och d'Filmer ronderëm d'Welt vun Hunger Games kréien eng Virgeschicht!

Wéi d'Schrëftstellerin Suzanne Collins matgedeelt huet, ass e Prequel an der Maach an zielt, wat virun der ganzer Story ronderëm d'Protagonistin Katniss Everdeen, gespillt vum Jennifer Lawrence, geschitt ass. E klengen Hoken huet d'Nouvelle awer och: Et ass net geplangt, datt den Originalcast am neie Film mat dobäi wäert sinn. Wat logesch ass, well d'Virgeschicht spillt gutt 64 Joer virun den eigentlechen Hunger Games.



D'Buch, dat aktuell nach keen Titel huet, soll schonn am Mee 2020 op de Marché kommen an dréit sech ëm déi sougenannten "Donkel Deeg": Et soll ëm eng Rebellioun goen, déi awer kee Succès hat. Zu där Zäit sinn et déi zéngten Hunger Games-Spiller, déi ofgehale ginn- d'Geschicht ëm d'Katniss Everdeen setzt bei de 75. Hungergames un. Weider Detailer a Punkto Handlung sinn net bekannt.

Wéini d'Aarbechte fir de Film ufänken, ass nach net gewosst.