HorrorfilmerHighlights am Summer

Horror-Fans kommen och an de waarme Summerméint op hir Käschten...

Leschten Update: 20.06.2019, 17:01:24

© Pixabay

De Summer ass zu Lëtzebuerg ukomm. A wann et dobaussen ëm 30 Grad sinn, siche vill Leit eng Ofkillung am Kino. An och wann de Summer dominéiert gëtt vu Filmer wéi Toy Story 4, The Lion King, Hobbs & Shaw oder Once Upon A Time In Hollywood, kommen och Horror-Fans op hir Käschten:

Child's Play - 19. Juni 

Am neie Film iwwer d'Mäerder-Popp Chucky geet et ëm eng Mam, déi hirem Jong eng Buddy Doll schenkt. Déi soll eigentlech Freed verbreeden, ma den Chucky huet ganz aner Pläng.



Brightburn - 26. Juni

Am Film geet et ëm eng Koppel, déi op engem Bauerenhaff lieft an sech zanter Joren e Kand wënscht. Enges Daags lant dann en ausserierdescht Kand bei hinnen am Feld. Dëst wëll awer net, wéi de Superman, d’Welt beschützen, mee zerstéieren.



Annabelle Comes Home - 03. July

Conjuring-Fans freeën sech dann op den drëtten Deel vun Annabelle.  De Film dréint sech ronderëm déi bekannten Horror-Popp, déi ongewollt vun engem klenge Meedche befreit gëtt.



Midsommar - 17. July

An Film geet ëm eng jonk Koppel, déi a Schweden en traditionellt Fest besicht. Séier mierken si awer, dass um Fest eng Sekt seng Ritualer vollzitt. Ontypesch fir de Genre, schéngt de Film net an der Däischtert ze spillen.



IT Chapter Two - 18. September

Highlight am Summer, respektiv dëst Joer, ass awer ganz kloer d’Fortsetzung vum Stephen King-Klassiker. De Film spillt 27 Joer nom éischten Deel an de Pennywise mécht alt erëm Juegd op déi mëttlerweil erwuesse Kanner.