Kino NewsArielle - Cast bekannt

Disney huet de Cast vu sengem ganz neie Realfilm presentéiert...

Leschten Update: 04.07.2019, 16:37:47

© Screenshot Youtube

Den Disney-Klassiker "Arielle" aus dem Joer 1989 soll verfilmt ginn - dëst ënnert der Regie vum Rob Marshall, deen och scho bei Filmer ewéi "Mary Poppins Returns" oder och "Pirates of the Carribean: On Stranger Tides" Regie gefouert huet.

Elo huet Disney op Twitter bekannt ginn, wien d'Haaptroll an der Realverfilmung iwwerhëlt - dëst wäert dann och fir eng éischt Ännerung tëscht dem originalen Arielle an der Realverfilmung suergen - d'Arielle wäert vun enger schwaarzer Fra gespillt ginn, der 19 järeger R&B-Sängerin Halle Bailey. Bekannt gouf Si zesumme mat hirer Schwëster als R&B-Duo "Chloe x Halle" bekannt gouf. Fir d'Sängerin ass dëst déi éischt Roll an engem Kinosfilm.



Och aner Schauspiller si schonn am Gespréich fir Rollen an der Verfilmung vun "Arielle" ze iwwerhuelen, esou zum Beispill D'Melissa McCarthy ("Gilmore Girls") oder och de jonke Schauspiller Jacob Tremblay, deen duerch de Film "Wonder" bekannt gouf. Hei gouf allerdéngs nach näischt confirméiert.