Kino NewsMulan - 1. Trailer online

D'Realverfilmung soll d'nächst Joer am Fréijoer an de Kino kommen.

Leschten Update: 08.07.2019, 15:57:28

© Screenshot YouTube

1998 koum Mulan déi éischte Kéier an de Kino. Disney huet fir Enn Mäerz 2020 d'Realverfilmung vum chinesesche mëttelalterleche Volleksmythos annoncéiert.

D'Story dréint sech ëm e jonkt Meedchen, dat säin eegene Kapp huet.

D'Mulan wëll net, wéi all déi aner Meedercher aus där Zäit, mat engem frieme Mann bestuet ginn - hat wëll eegestänneg Decisiounen treffen.

Enges Daags soll dem Mulan säi Papp an d'Arméi agezu ginn, fir géint d' Hunnen ze kämpfen. Well säi Papp awer scho relativ al a krank ass, decidéiert d'Mulan am Numm vu sengem Papp sech an d'Arméi ze mellen.