Kino NewsCats - offiziellen Trailer

De Broadway Musical kënnt op déi grouss Leinwand.

Leschten Update: 06.08.2019, 20:01:46

© Youtube Screenshot

Vum T.S Eliot op de Broadway an elo op déi grouss Leinwand.

D'Story vun den Jellicles soll am Dezember an d'Kinoe kommen an de Film schéint iergendwou tëscht verréckt an éiergäizeg. An der Regie hu mer den Tom Hooper, dee mat "Les Misérables" kloer bewisen huet, dass hie weess, wéi een e Musical verfilmt. Bei Cats kënnt dann elo och nach en impressionnante Cast dobäi.

Nieft Top Schauspiller wéi dem Judi Dench, dem Ian McKellen an dem Idris Elba sinn och e puer Museker vertrueden, ewéi d'Taylor Swift an den Jason Derulo.

D'Schauspiller ginn all duerch Computeranimatioun a Kaze verwandelt, wat op den éischte Bléck am Trailer e bësse surrealistesch wierkt.

Ob de Film d'Magie vun de Gedichter an dem Musical iwwerhuele kann, gesi mer dann am Dezember dëst Joer.