Kino News"Avengers: Endgame" weltwäit erfollegräichste Kinofilm!

"Avengers: Endgame" stéisst "Avatar" vum Troun an ass domat de weltwäit erfollegräichste Film an der Kinosgeschicht.

Leschten Update: 22.07.2019, 08:46:11

© VALERIE MACON / AFP

De Superhelde-Film „Avengers:Endgame” ass zënter dem Weekend de weltwäit erfollegräichste Kinosfilm. De Marvel-Film soll virleefegen Zuelen no mat de Kinotickets bis ewell ronn 2,8 Milliarden Dollar abruecht hunn, an domat bis ewell méi wéi de Film „Avatar“, dee bis haut 10 Joer laang de Rekord gehalen huet. Dat schreift d'Branchesäit "Box Office Mojo".