Kino NewsNeie Blade-Film confirméiert

An den nächste Joer soll een neie Blade-Film an d'Kinoe kommen, mat ënnert anerem dem Mahershala Ali an der Haaptroll.

Leschten Update: 22.07.2019, 15:16:31

© Tommaso Boddi / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

1998 huet de Wesley Snipes d’Haaptroll am Film Blade gespillt. Elo huet de Chef vun de Marvel-Studios op der Comic-Con-Foire zu San Diego annoncéiert, dass de Mahershala Ali seng Roll an der neier Versioun vum Film iwwerhuele wäert. Blade wäert also am Marvel Universum opdauchen.

De Mahershala Ali ass ënnert anerem bekannt duerch d’Serie „House of Cards“ an d’Filmer „Moonlight“ esou wéi „Green Book“.

Bis ewell ass awer nach net bekannt wéini de Film an de Kino komme wäert. Et geet een awer dovun aus, dass et net virun 2022 si wäert. Et ass och nach net gewosst u wéi eng Alterskategorie de Film sech riichte wäert.