Kino NewsNeien Jackass Film?

Vill Fans hu sech eng Suite gewënscht. Dëst kéint elo eventuell geschéien.

Leschten Update: 23.07.2019, 16:30:13

© JOE KLAMAR / AFP

D’Chancë stinn net all ze schlecht fir een neie Jackass Film. De Chris Raab, bekannt als „Raab Himself“, huet nämlech confirméiert, dass d’Schauspiller un engem neien Deel interesséiert wieren.

De Raab huet an der leschter Zäit vill u sengem eegene Podcast „Bathroom Break“, geschafft, an deem ënnert anerem och seng al Team-Kollegen Interviews ginn. Dozou seet hien dass all d’Membere vun der Jackass-Crew un engem neie Film interesséiert wieren. Et wier allerdéngs awer komesch de ganze Projet ouni de Ryan Dunn, deen an engem Autosaccident em d’Liewe komm ass, ze maachen.

Deemno bleift dat ganzt bis ewell nëmmen ee Gerücht.


View this post on Instagram

Look at who I ran into at dinner.

A post shared by Johnny Knoxville (@johnnyknoxville) on