Kino NewsBlack Widow offiziell confirméiert

De Weekend war d'Comic-Con zu San Diego wou vill nei Filmer annoncéiert gi sinn. Esou och Black Widow.

Leschten Update: 23.07.2019, 16:32:49

© Alberto E. Rodriguez / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

Op der Comic-Con zu San Diego huet Marvel elo offiziell de Film "Black Widow" annoncéiert. E soll schonn am Fréijoer 2020 an d’Kinoe kommen.

De Film dréint sech em deen eenzege weibleche Member aus den Original-Avengers. D’Scarlett Johansson wäert an der Haaptroll ze gesi sinn. De Film wäert sech tëscht "The First Avenger: Civil War" a "Avengers 3: Infinity War" situéieren. Och wann d’Geschicht vun der Black Widow eigentlech a "Avengers 4: Endgame" ophält, ass et awer méiglech dass verschidde Figuren erëm zréck kommen.

Bis ewell ass awer nach kee Bildmaterial online verëffentlecht ginn.