Kino NewsKritik un neien Disney Filmer

Den David Stephan behaapt, dass et de Producer vu Lion King nëmmen ëm d'Suen maache geet.

Leschten Update: 06.08.2019, 17:03:47

© George Pimentel / AFP

De 17. Juli ass mat The Lion King déi neisten Realverfilmung vun Disney an de Kino komm. Wärend d’Kritiker virun allem déi technesch a visuell Aspekter luewen, sinn d’Animateuren vum Original aus dem Joer 1994 alles anescht wéi begeeschtert. Sou huet den David Stephan z.B. gesot, dass Disney mat dësem Remake bewisen huet, dass et hautdesdaags just ëm d’Geld geet.
Et probéiert een, alles esou realistesch wéi méiglech ze maachen. D’Mimik, d’Sangen an d’Emotiounen vun den Déieren géif bewosst vernoléissegt ginn. Waren et dach genee déi Aspekter, déi den Original ausgezeechent hunn. Bei engem Studio, dee fréier op Konscht an Originalitéit baséiert huet, wieren dës Decisiounen net nozevollzéien.

Lion King Trailer