Kino NewsHobbs & Shaw - méi spektakulär wéi Originalproduktioun?

De Spin-Off vun der Fast & Furious Franchise soll méi spektakulär ginn wéi d'Originalproduktioun.

Leschten Update: 06.08.2019, 20:01:29

Mëttwochs de 07. August leeft de Film Hobbs & Shaw zu Lëtzebuerg regulär un!

Et ass den éischte Spin-Off vun der Fast & Furious Franchise: Nieft dem Dwayne Johnson an dem Jason Statham ass och den Idris Elba mat dobäi. Dësen huet an engem Interview verroden, dass d’Action-Szenen am Film wesentlech méi spektakulär sinn, wéi déi aus den Original-Produktiounen.

Een Ënnerscheed géif et awer zu The Fast & The Furious ginn: Et soll wesentlech méi Spaass, Witz a Charme mat dobäi sinn. A seelen géifen et Schauspiller ginn, déi esou gutt mateneen harmonéieren.