Kino NewsNeien "Kevin - Allein zu Haus"?

Rumeuren no soll ee Remake vum Kult-Film gemaach ginn. Mee wat seet de Maucaulay Culkin dozou, deen de Kevin am éischte Familljefilm gespillt huet?

Leschten Update: 09.08.2019, 16:46:23

© Screenshot YouTube

Den neie Streaming-Déngscht Disney+, dee fir den 12. November 2019 geplangt ass, huet bekannt gin,n eng Partie al Disney-Filmer nei verfilmen ze wëllen an an hirer Film-Bibliothéik ze iwwerhuelen. Dorënner soll och de bekannte Familljenfilm "Kevin - Allein zu Haus" falen. Wéini dee Film eraus soll kommen ass awer nach net gewosst.

Gerüchter no, gëtt awer driwwer diskutéiert, dass de Kevin am Remake ee "Béise" soll spillen. Esou soll et net méi ëm ee Jong goen, deen d’Liewe vun Abriecher schwéier gemaach kritt. Ganz am Géigendeel soll hien dëst Kéier selwer een Déif spillen, deen eng al Koppel beklaut huet an hinnen elo d’Liewen zur Häll mécht.

De Macaulay Culkin, deen den Haaptacteur vum Kult-Film vun 1990 gespillt huet, huet eng ganz eege Reaktioun iwwert de presuméierte Reboot op Twitter gepost.



 

De moderne Kevin sëtzt dem 38-Järege Schauspiller no ganz lässeg doheem op der Couche, kuckt wahrscheinlech ee Film a faulenzt.

Engem Tweet no fuerdert hien Disney dozou op, dass si hien uruffe sollen. Dat Ganzt ass awer éischter witzeg oder sarkastesch ze verstoen. Et ass relativ onkloer, wat hie genau vun der Iddi vum Reboot hält. Mee effektiv wär een Optrëtt vum Culkin denkbar, well hie jo de Grond fir de grousse Succès vun der Film-Rei war.