Kino NewsKeanu Reeves spillt fir eng 4. Kéier den Auserwielten Neo

20 Joer nom éischte "Matrix"-Film ass et esou wäit. De Keanu Reeves wäert fir eng 4. Kéier d'Roll vum Auserwielten Neo spillen.

Leschten Update: 21.08.2019, 05:38:24

© FRANCOIS GUILLOT / AFP

De kanadesche Schauspiller wäert a "Matrix 4" seng Filmpartnerin Carrie-Anne Moss erëmgesinn. Dat huet de Filmstudio Warner Bros den Dënschdeg geschriwwen. D'Dréiaarbechte fir de 4. Deel vun der Science-Fiction-Rei sollen Ufank vum nächste Joer ufänken. Regie féiert erëm d'Lana Wachowski.

1999 war den éischten Deel vun der Rei an d'Kinoe komm. Am Resumé dréint sech d'Handlung ronderëm den Auserwielten Neo, deen d'Mënschheet, déi duerch Maschinnen an enger virtueller Realitéit gefaange gehalen an als mënschlech „Batterie“ versklaavt gëtt, befreie soll.

An der Tëschenzäit hunn d'Filmer Kultstatus erreecht. D'Trilogie, déi aus "Matrix", "Matrix Reloaded" a "Matrix Revolutions" besteet huet weltwäit 1,6 Milliarden Dollar agespillt.