Kino NewsNeien James-Bond-Film huet endlech en Titel

Mam Numm ''No Time To Die'' ass elo den offiziellen neien 007-Film virgestallt ginn.

Leschten Update: 21.08.2019, 11:46:48

© YouTube

Laang huet et gedauert, mee elo huet den 25. Film mam 007 Agent James Bond endlech en offiziellen Numm.

Ufank Abrëll 2020 soll de Film '' No Time To die'' an de Kinoen ulaafen. Iwwert den offiziellen Twitter Account vum James Bond ass dëst a Form vun engem klenge Film bekannt gemaach ginn.





No ''Live And Let Die'', ''Tomorrow Never Dies'' an ''Die Another Day'' ass et dee véierte Bond-Film deen d'Wuert ''die'' am Titel huet.

Bekannt ass och schonn dass et de leschte Film mam Daniel Craig als 007 ass.

Am Film geet et dorëms, dass den James Bond net méi am Déngscht ass, wéi säi Kolleg Felix Leiter hien ëm seng Hëllef bei der sich no engem vermësste Wëssenschaftler biet. Wéi sech eraus stellt dass dësen entféiert ginn ass, gëtt de Bond mat Gefore konfrontéiert déi d'Welt esou nach net gesinn huet. Och kritt hien et mat enger Spiounin ze dinn, déi säin Decknumm 007 iwwerholl huet.

Niewent dem Daniel Craig spillen och d'Naomi Harris, de Ralph Fiennes, Ben Whishaw, Jeffrey Wright an d'Léa Seydoux mat. D'Roll vum Bond sengem Feind iwwerhëllt warscheinlech de Rami Malek, richteg bekannt ass dëse ginn duerch d'Roll vum Freddie Mercury am Film '' Bohemian Rhapsody''. Sécher ass dës Roll awer nach net, ëmmerhin huet de Schauspiller gesot, hie wéilt net als Terrorist aus dem arabesche Raum verkierpert ginn. An och de Christoph Waltz schéngt erëm mat dobäi ze sinn.

Wéi de Film mam däitschen Titel heesche soll, ass nach net offiziell bekannt gemaach ginn, och wann dësen zimlech offensichtlech ass.