Kino NewsSusi & Strolch - éischten Trailer ass eraus

E weideren Disney-Remake kënnt dëst Joer am Hierscht eraus - leider awer net an de Kino.

Leschten Update: 26.08.2019, 11:38:23

© Screenshot YouTube

Am Hierscht 2019 bréngt Disney hiren eegene Streaming-Déngscht op de Marché a soll virun allem duerch exklusiv Produktiounen d'Leit begeeschteren. 

Fir dës Exklusivitéit ze erreechen, sollen an Zukunft net méi all hir Filmer an de Kino kommen, ma si just nach via hir Plattform "Disney+" ze gesi sinn - esou och elo de Remake vun "Susi und Strolch". Dëse Film ass da vum 12. November un an den USA just via "Disney+" ze kréien.

Elo ass den éischten Trailer vum Remake online. Aneschters wéi beim Remake vun "Lion King" ass dëse Film mat richtegen Hënn gedréint ginn an gouf net duerch extrem realistesch Animatioune realiséiet.