Kino NewsDisney's Cruella - éischt Foto online

Walt Disney Studios huet déi éischt Foto vum Set vun "101 Dalmatiner" verëffentlecht!

Leschten Update: 26.08.2019, 16:11:55

© Twitter @DisneyStudios

Nach e bësse gedëllege musse sech d'Fans vum Disney-Klassiker "101 Dalmatiner", deen eréischt 2021 an de Kino komme wäert.

Fir dës laang Waardezäit awer ze verkierzen hunn d'Walt Disney Studios elo déi éischt Foto vum Set verëffentlecht, wou een d'Emma Stone eng éischte Kéier als Cruella de Vil gesäit.

Nieft dem Emma Stone spillen ausserdeem nach d'Emma Thompson, de Paul Walter Hauser an de Joel Fry an der Verfilmung mat.