Kino NewsBlack Panther 2

2022 gëtt et Neies aus dem Kinnekräich Wakanda!

Leschten Update: 27.08.2019, 13:20:46

© Tolga AKMEN / AFP

Lescht Woch war D23 Expo zu Los Angeles. Hei goufen et wéi gewinnt interessant News vun der Produktiounsfirma Disney.

Aus dem Marvel Cinematic Universe koum zum Beispill d'Nouvelle, dass Black Panther eng Fortsetzung kritt. Mat dobäi sinn hei erëm den Chadwick Boseman, de Michael B. Jordan, de Forest Whitaker an d'Letitia Wright.

Black Panther huet weltwäit 1,3 Milliarden Dollar agespillt an et war den éischte Superheldefilm, dee bei den Oscars fir de beschte Film nominéiert ginn ass.

De 6. Mee 2022 kënnt Black Panther 2 an de Kino.

Kuckt hei den Trailer vum éischten Deel :