Kino NewsStar Wars IX - Neien Trailer

Am Star Wars Universum gëtt aktuell ënnert de Fans hëtzeg diskutéiert...

Leschten Update: 27.08.2019, 13:45:48

© Youtube

Am Dezember kënnt Star Wars IX - The Rise Of Skywalker an de Kino. 
Et ass bis 2022 de leschte Star Wars Film, deen an de Kino kënnt an zäitgläich och den Ofschloss vun der Skywalker-Saga.

De Film spillt ee Joer no Episod 8 an d'Rey an de Kylo wäerten sech fir eng leschte kéier duelléieren.
Lescht Woch gouf op der D23 zu Los Angeles e neit Poster presentéiert an hei gëtt däitlech: Den Imperator ass zréck.

© Twitter Star Wars

D'Daisy Ridley huet sech an engem Interview begeeschtert iwwer den Imperator gewisen. Et wier ee vun de wichtegsten a geféierlechste Personnagen aus dem Star Wars Universum. Säi Retour wier fir den Ofschloss vun der Geschicht immens wichteg. D'Fans missten sech awer keng Suerge maachen. Während dem Film géif aller erkläert ginn.

Diksuttéiert gëtt bei de Fans virun allem de neien Trailer. Hei gesäit een d'Rey als Sith mat engem roude Liichtschwäert. Als Erklärung heescht et: Et gëtt keen Damp ouni Feier!

Kuckt hei de neien Trailer: