Kino NewsMarvel - The Eternals

Konkurrenz fir d'Avengers an d'Guardians Of The Galaxy?

Leschten Update: 27.08.2019, 13:25:33

© Twitter MCU_Direct

Lescht Woch war D23 Expo zu Los Angeles. Hei goufen et wéi gewinnt interessant News vun der Produktiounsfirma Disney.

De Marvel Cinematic Universe huet zum Beispill eng ganz neie Superhelden-Equippe presentéiert: The Eternals!
10 Superhelde mat de Nimm Thena, Ikaris, Ajak, Phastos, Sersi, Kingo, Sprite, Druid, Gilgamesh a Makkari.

Verkierpert ginn d'Helden ënnert anerem vum Angelina Jolie, Richard Madden a Lauren Ridloff. An d’Schauspiller soten: Guardians Of The Galaxy an The Avengers schéin a gutt. Ma mir hunn am MCU d’Mënschheet an de ganzen Universum kreéiert. Eis Personnagë sinn also souzesoe Legenden.

Wéini de Film erauskënnt an ëm wat et wäert goen ass nach net gewosst.