Kino NewsJoker - neien Trailer online

Ee vun de beléiftsten a gläichzäiteg skurrilste Film-Charaktere kënnt jo zeréck op d'Leinwand - Warner Bros. huet elo dee leschten Trailer online gesat.

Leschten Update: 29.08.2019, 08:49:36

© Screenshot YouTube

Am Abrëll dëst Joer krut ee mam éischten Trailer vum neien Joker-Film e Virgeschmaach, elo kuerz virun der Filmpremière huet de Filmstudio Warner Bros. e weideren Trailer erausbruecht. Dës Kéier verkierpert vum Joaquin Phoenix ("Walk The Line"), gëtt d'Geschicht vum Komiker Arthur Fleck erzielt, deen an der fiktiver Metropol Gotham City méi a méi verréckt gëtt.

Am Trailer ass ze gesinn, wéi hie géintiwwer engem Therapeut vu senge gréisstendeels just nach negative Gedanken zielt, éier hie mat Clownsmask a wäisser Schmink zum Béise mutéiert. Am Film vum Regisseur Todd Phillips wäerten och de Robert De Niro, de Zazie Beetz an de Frances Conroy ze gesi sinn.

De Film gëtt elo eng éischte Kéier den 31. August um Filmfestival zu Venedeg gewisen, bei eis soll en Ufank Oktober an de Kino kommen.