Kino NewsJoker - Kritiken

Mat de beschten DC-Film vun allen Zäiten?

Leschten Update: 03.09.2019, 14:52:19

© Youtube

Nach bis den 8. September sinn ass de Film-Festival zu Venedeg. Wärend der Avant-Première vum neien DC-Film Joker gouf et vun de Kritiker Standing Ovations.

De Film wier gläichzäiteg däischter, spannend, krass, traureg, verréckt a brutal.

An de Virdergrond réckelt ganz kloer de Schauspiller Joaquin Phoenix. Hien hätt sech komplett op seng Roll als Joker agestallt, sief et mental, awer och kierperlech. Vill Kritiker schwätze scho vun engem Oscar fir de beschte Schauspiller.

Interessant un der Neiverfilmung : Den Joker gëtt komplett anescht duergestallt wéi bei senge Virgänger. Mir gi gewuer, wéi de Personnage zum Psychopat ginn ass, dee mir zum Beispill duerch d'Verkierperung vum Heath Ledger kennen. Den Joker ass op der Sich no senger Identitéit a gëtt ongewollt zu engem Symbol.

Mëtt Oktober soll de Film an de Kino kommen.

Kuckt Iech hei den Trailer un: