Kino NewsThe Lion King - beschte Film vum Summer

Millioune vu Leit sinn de Summer iwwer an de Kino gaangen. Um Programm stoung virun allem ee Film...

Leschten Update: 03.09.2019, 15:17:34

© Youtube

The Lion King ass de 17. Juli 2019 zu Lëtzebuerg an de Kino komm. Den Original aus dem Joer 1994 ass mat, déi populäerste Geschicht vun Disney op der ganzer Welt. 

Bei der Avant-Première gouf et Standing Ovations an dat minuttelaang. Et si viruen allem déi technesch a visuell Aspekter, déi d'Kritiker esou iwwerzeegen. Esou een Animatiounsfilm ass et bis haut esou net ginn. Vill Leit soen, et géif ee sech kee Film, mee eng richteg Doku iwwer Déieren an Afrika ukucken. Däitlech gëtt och d'Léift an de Respekt, mat där d'Produzenten de Film ugaange sinn. Bewosst schwätzt een hei vun engem Meeschterwierk!

Verdéngt ass The Lion King och den erfollegräichsten Animatiounsfilm vun allen Zäiten. De Rekord gouf bis virun e puer Wochen vu Frozen (2013) gehalen.

Bis haut huet de Film iwwer 1,5 Milliarden Dollar agespillt. Domadder ass den Disney-Film op Plaz 7 vun den erfollegräichste Filmer vun allen Zäiten.

Och ass et den erfollegräichste Film vum Summer 2019.
Aner Blockbuster wéi Toy Story 4, Hobbs&Shaw, One Upon A Time In Hollywood an John Wick 3 huet de Realfilm domadder hannert sech gelos.

Kuckt Iech hei den Trailer un: