Kino NewsIT - Supercut

Den Andrés Muschietti huet nach grouss Pläng fir d'IT-Franchise...

Leschten Update: 17.09.2019, 16:34:43

© YouTube Screenshot

Den 11. September ass IT - Chapter Two an de Kino komm. D'Meenungen iwwer de Film ginn zum Deel wäit auserneen, awer ass et an allen Hisiichten en aussergewéinlechen Horrorfilm.

Den éischten an den zweeten Deel hänken, wéi och am Roman vum Stephen King, zesummen.
Dofir wëll de Regisseur e sougenannten "Supercut" produzéieren. Also béid Filmer zu engem kombinéiert.
Sou solle net just nei Seene gedréint, ma och all déi benotzt ginn, déi hu misse fir de Kino geschnidde ginn. De Supercut soll dono iwwer 6 Stonnen daueren.

Dem Andrés Muschietti seng Begrënnung:
Wann d'Leit kënnen 7 oder 8 Stonnen um Stéck Netflix a Serie kucken, da misst e Supercut dach och méiglech sinn.